Zum Inhalt springen

Wëllkomm bei der Rëmelenger Stadmusek

Mir sinn eng jonk a flexibel Ekipp, déi ëmmer nees op der Sich no Muséker ass, déi schonn en Instrument spillen oder spille léiere wëllen. Egal op Kand, Jugendlechen oder Erwuessenen – jiddereen ass bei eis wëllkomm. Kommt eis besichen!

Eis Adress: 1, rue du Parc L-3741 Rumelange

Mini-Ensembel

De Mini-Ensembel ass fir Ufänger, déi hirt Instrument méi wéi e Joer spillen.

De Mini-Ensembel prouft all 2. Woch méindes vun 18h30 bis 19h00 (1, rue du Parc, Rëmeleng). D’Prouwe stinn am AGENDA.

Jugend-Ensembel

De Jugend-Ensembel ass e gemeinsame Projet vun der Käler, Rëmelenger an Téitenger Musek. Hei spille Musikanten, déi hirt Instrument méi wéi 3 Joer spillen.

D’Prouwe vum Jugend-Ensembel stinn am AGENDA. Mir prouwen ofwiesselnd zu Käl, Rëmeleng an Téiteng.

Groussen Orchester HMR

Am groussen Orchester spille Musikanten, déi hirt Instrument méi wéi 5 Joer spillen.

De groussen Orchester prouft méindes owes vun 19h30 bis 21h30 (1, rue du Parc, Rëmeleng).

Diese Nachricht ist nur für Administratoren sichtbar.
Problem bei der Anzeige von Facebook-Beiträgen. Backup-Cache wird verwendet.
Klicken, um Fehler anzuzeigen
Fehler: Error validating access token: The session has been invalidated because the user changed their password or Facebook has changed the session for security reasons. Typ: OAuthException

Prêt instrument

D’HMR stellt, wa méiglech, neie Schüler aus der lokaler UGDA-Musekschoul en Instrument zur Verfügung ënnert der Konditioun, dass d’Schüler Member am Jugend-Ensemble vun der HMR ginn.

Pour les nouveaux élèves de l’école de musique locale UGDA, l’HMR met (si possible) à disposition des instruments de musique. Seule condition: les élèves deviennent membre au sein de notre ensemble des jeunes (nxtHMR).

Eis Concerten aus de leschte Joeren:

Eis Haaptsponsoren

Agenda