Zum Inhalt springen

Instrument léieren

Zu Rëmeleng kann een an der UGDA-Museksschoul léieren en Instrument ze spillen. All Joer am Juni gëtt d’Gemeng eng Fiche un all Menage eraus, fir sech an der Museksschoul anzeschreiwen. D’Course fänken am September un a sinn un e normaalt Schouljoer (September-Juli) gekoppelt.

Fir en Instrument ze spillen, muss een 2 Formatioune maachen:

01

Formation musicale

An der „Formation musicale“ (och nach oft „Solfège“ genannt) léiert ee Noute liesen a schreiwen.

D’Formatioun dauert 4 Joer an ass obligatoresch fir en Instrument léieren ze spillen.
Um Enn vun de 4 Joer gëtt et en Certificat.

Duerno kann ee nach weidermaachen, dat ass allerdéngs fakultativ.

Zu Rëmeleng fënnt d’Formation musicale fir d’Kanner an der Maison relais (SEA Roude Fiels) statt.

D’Formation musicale ass gratis.

02

Formation instrumentale

An der „Formation instrumentale“ léiert een en Instrument ze spillen.

Normalerweis fänkt d’Formation instrumentale am 2. Joer vun der Formation musicale un a leeft parallel dozou.

D’Formation musicale ass NET gratis.

D’Harmonie Municipale Rumelange a.s.b.l. stellt de Schüler fir hir Formation instrumentale, wa méiglech, en Instrument zur Verfügung ënnert der Konditioun, dass d’Schüler sech am Jugend- oder groussen Ensembel engagéieren.

Fir en Instrument geléint ze kréien w.e.g. dëse Formulaire ophuelen.