Zum Inhalt springen

Wëllkomm

op der Säit vun der Rëmelenger Stadmusek

Mir sinn eng jonk a flexibel Ekipp, déi ëmmer nees op der Sich no Muséker ass, déi schonn en Instrument spillen oder spille léiere wëllen. Egal op Kand, Jugendlechen oder Erwuessenen – jiddereen ass bei eis wëllkomm. Kommt eis besichen!

Eis Adress: 1, rue du Parc L-3741 Rumelange 

Eis Aktivitéiten:

Eis Orchesteren

Mini-Ensembel
Mini-Ensembel

De Mini-Ensembel ass fir Ufänger, déi hirt Instrument méi wéi e Joer spillen.

De Mini-Ensembel prouft all 2. Woch méindes vun 18h30 bis 19h00 (1, rue du Parc, Rëmeleng). D’Prouwe stinn am AGENDA.

Jugend-Ensembel
Jugend-Ensembel

De Jugend-Ensembel ass e gemeinsame Projet vun der Käler, Rëmelenger an Téitenger Musek. Hei spille Musikanten, déi hirt Instrument méi wéi 3 Joer spillen.

D’Prouwe vum Jugend-Ensembel stinn am AGENDA. Mir prouwen ofwiesselnd zu Käl, Rëmeleng an Téiteng.

Groussen Orchester HMR
Groussen Orchester HMR

Am groussen Orchester spille Musikanten, déi hirt Instrument méi wéi 5 Joer spillen.

De groussen Orchester prouft méindes owes vun 19h30 bis 21h30 (1, rue du Parc, Rëmeleng).

Facebook Posts

View on Facebook
De 19. Oktober spille mir mam Jugendensembel Käldall d‘Erzielung vum Pinocchio um Festival „Groussen Theater fir kleng Aen“ an der Schungfabrik zu Téiteng. ... See MoreSee Less
View on Facebook
E Samschden, de 5. Oktober spille mir nees den Hämmelsmarsch an de Stroosse vu Rëmeleng. ... See MoreSee Less
View on Facebook

Prêt instrument

D’HMR stellt, wa méiglech, neie Schüler aus der lokaler UGDA-Musekschoul en Instrument zur Verfügung ënnert der Konditioun, dass d’Schüler Member am Jugend-Ensemble vun der HMR ginn.

Pour les nouveaux élèves de l’école de musique locale UGDA, l’HMR met (si possible) à disposition des instruments de musique. Seule condition: les élèves deviennent membre au sein de notre ensemble des jeunes (nxtHMR).

Eis Concerten aus de leschte Joeren:

Eis Haaptsponsoren:

Du wëlls en Instrument léieren?

Da mell dech an der lokaler Musekschoul vun der UGDA un.

Eis Prouwen

Mini-Ensembel
–> AGENDA

Jugend-Ensembel Käldall
–> AGENDA

Groussen Ensemble „HMR“
méindes vun 19.30 – 21.30 Auer